Associations de musique
Harmonie Municipale de Bascharage
Zesumme musizéieren – Zesumme wuessen
Eng musikalesch Traditioun zu Käerjeng zënter 1872
WEE SI MIR?
Zënter méi wéi 150 Joer bréngt d’Harmonie Municipale de Bascharage musikalescht Liewen an d’Gemeng Käerjeng. Mat Concerten, Hämmelsmarsch, offizieller Begleedung vu Cortègen, Encadrement bei Feierlechkeete vun der Gemeng a Veräiner, droe mir aktiv zur kultureller Dynamik an eiser Uertschaft bäi.
Eis Missioun:
Musek lieweg halen – d’Jugend fërderen – d’Zesummenhalt stäerken.
EIS AKTIVITÉITEN
Gala Show-Concert
Den Highlight vum Joer! E grousse Concert mat Show-Charakter – oft mat internationale Gäscht.
Festivitéiten an der Gemeng
Mir bedeelegen eis aktiv un de lokale Festlechkeeten:
– Chrëschtmaart op der Cito-Plaz;
– Käerjeng Live;
– Evenementer zesumme mat der Museksschoul (z. B. Porte ouverte, Schüleroptrëtter, asw.);
D’Käerjenger Musek ass net nëmme musikalesch dobäi, mee - mat engem Iess/Gedrénksstand - och kulinaresch.
Musikalesch Reesen
Ongeféier all 3 Joer steet een Ausflug mat Concerten an d’Ausland um Programm.
FIR DÉI JONK: D'PIIPSERTEN
All Kand, dat zënter mindestens engem Joer en Instrument an der Museksschoul léiert, ass häerzlech wëllkomm bei de Piipserten – eisem Jugendensembel.
Prouwen:
Dënschdes, 19:00–19:30 Auer
Musekssall, Käerjeng
Hei léieren d’Kanner zesummen ze spillen, opzetrieden an Deel vun enger musikalescher Gemeinschaft ze sinn – mat Freed a Léift zur Musek.
EIS HARMONIE
Am Haaptensembel vun der Käerjenger Musek spillen Erwuessener a jonk Erwuessener zesummen – eng flott Mëschung aus Erfarung a frëschem Elan.
Prouwen:
Dënschdes, 19:30–21:30 Auer
Musekssall, Käerjeng
Dirigent:
Alain Baustert, 1te Flüttist an der Militärmusik
ZESUMMENAARBECHT MAT DER MUSEKSSCHOUL
Mir schaffen enk mat der Käerjenger Museksschoul (KMS) zesummen.
Wëlls du eppes léieren a gläichzäiteg musikalesch Praxis erliewen? Mell dech bei eis!
Du wëlls 1 Instrument lounen? Mir hëllefen dir gär virun.
KONTAKT & INFORMATIOUNEN
Websäit: www.hmbascharage.lu
Email: info@hmbascharage.com
Musekssall: Käerjeng
Kontaktpersoun: Paul Wampach, Präsident, Tel. : 00352 691 587 668
KOMM LAUSCHTEREN – ODER SPILL MAT!
Bass du an der Museksschoul an hues Loscht op e musikalescht Erliefnis mat Freed, Zesummenhalt a Léift zur Musek?
Da mell dech bei eis – a probéier et einfach aus!
-----------------------------------------------------------------------
Harmonie Clemency a.s.b.l.
Kontaktpersounen sinn:
Brigitte HAUTUS
Tel.: +352 - 691 840 195
Email: hautus.brigitte@gmail.com
Dirigent: M. Luca Wolff (Harmonie Clemency)
Dirigent: M. Luca Wolff (Harmonie & Kauzekäppecher)
Sous-Chef: M. Guy SCHUMACHER
Präsidentin: Mme Brigitte HAUTUS
www.harmonie.clemency.lu
Gi dir gäre Member vun eiser Harmonie oder eisem Jugendensembel?
Kënnt dir en Instrument spillen (Trompette, Klarinett, Tuba, Cor, Saxophone, ...........oder Percussioun)?
Dan zeckt net an mellt Iech an eiser Harmonie dei all Donneschdes vun 19:30 bis 21:30 prouft oder am Jugendensembel deen och Donneschdes vun 18:15 bis 19:15 prouft.
Wann dir keen Instrument hutt, setzt Iech mat eis an Verbindung, a wann eent an eisem Stock ass, kënnen mer Iech dat zur Verfügung stellen.
-----------------------------------------------------------------------
Harmonie Hautcharage a.s.b.l.
Du spills een Instrument, wëlls et léieren oder hues einfach just d'Flemm, ëmmer eleng ze spillen? Dann ass d'Harmonie Hautcharage de Veräin fir dech!
Mir sinn ee liewegen Trupp vu passionéierte Museker vun alle Generatiounen, deen net nëmme gär zesumme prouft a laacht, mee och mol kollektiv zesummen den Takt op d'Rees schéckt - mee gottseidank sinn eis Dirigenten zimmlech entspaant an drécken och mol en A zou (naja, soulaang et halt net ze schif kléngt...)!
Kléngt gutt? Da mell dech an eiser Harmonie a prouf mat eis am Centre polyvalent zu Hautcharage:
• Freides vun 20:00-22:00 (Harmonie);
• Sonndes vun 10:00-11:30 (Young Harmonists);
Präsident: Marc Jacoby
Dirigent: Ralph Massard
Dirigent Young Harmonists: Maïté Schimpfessel
Kontakt:
Email: harmonie.hautcharage@gmail.com
Instagram: https://www.instagram.com/harmonie.hautcharage/
Facebook: https://www.facebook.com/people/Harmonie-Hautcharage/100064713695094/
-----------------------------------------------------------------------
Musek Gemeng Dippech
D’Musek Gemeng Dippech huet 28 Musikanten um Pult. Geprouft gëtt Freides owes vun 20.00 bis 22.00 Auer am Musekssall an der Gemeng zu Schuller. De Repertoire deen eis Musek spillt ass modern an de Méiglechkeete vun eisem Orchester ugepasst.
D’Instrumenter déi an eiser Musek gespillt ginn sinn Holz- a Blechblosinstrumenter, wéi Flütt, Klarinette, Saxophon, Bügel, Trompett, Alto, Cor, Bariton, Euphonium, Trombonn, Bass, Bass Gittar a Perkussioun.
Chaosorchester
-
Du hues 9 Joer oder méi, spills säit mindestens 2 Joer e Museksinstrument a wëlls gären zesumme mat Anere spillen, da bass du de Kandidat fir de Chaos Orchester.
-
Hei gëtt zesumme musizéiert an dat was du am Instrumentecours geléiert hues gëtt an d'Praxis ëmgesat.
-
Instrumenter: Flütt, Klarinett, Saxofon, Trompett, Posaun, Euphonium, Cor, ... / Gittar, Mandolinn, ... / Perkussioun / K-board / ...
-
De Chaosorchester ass och deen idealen Ensembel fir fréier Musikant(inn)en d’Méiglechkeet ze ginn erëm unzefänken.
Am Chaosorchester kréien d’Ufänger ganz fréi d’Geleeënheet fir am Groupe zesummen ze spillen an esou eng ganz nei Erfarung ze maachen. Mat liichten a moderne Stécker beweise si am Kader vun engem Concert vun der Musek wat si geléiert hunn. D’Prouwe si Samschdes vun 10h00 bis 11h00 am Musekssall zu Schuller.
D’Instrumenter gi vun der Musek zur Verfügung gestallt, dat och fir Schüler déi eréischt en Instrument léiere wëllen, esou wäit si Verspriechen no zwee bis dräi Joer am Chaosorchester matzemaachen. Et gëtt keng Locatioun fir d’Instrumenter gefrot.
All Musikant, ob grouss oder kleng ass bei eis häerzlech wëllkomm. Weider Informatioune kritt dir bei eise Membere vum Comité oder schreift eis ob musek.dippech@gmail.com


