top of page
Ada.jpg

Ada Chele

Formation Musicale, Chorale enfantine

Iwwert mech

Dat sinn ech:

pptimistesch, artistesch verdreemt, idealistesch, verléift, passionéiert, ambitiéis, kreativ...

​

Dat ass mäi Beruff:

Formation musicale/Chorale : De Kanner Musek & Kultur bäibréngen duerch sangen, lauschteren, fillen, schreiwen, Freed & Passioun fir d’Noutewelt entdecken. 

​

Mäi Liblingsiessen: 

D’Iesse mat Léift fir de Kierper gekacht, Gourmet, gesond.

​

Meng Hobbyen: 

Sangen, Salsa danzen, fräi reesen

​

Meng Liblingsfaarf:

D’Faarf vum Dag. All Dag bréngt eng aner, onerwaart gespiert, jee nodeem wat d'Emotiounen erop bréngen.

​

Musek, déi ech am Léifste lauschteren: 

Ganz vill Zorten : Klassesch, Salsa, Jazz, souguer Folklor Musek aus verschidden Ecker  vun der Welt. All Musek Moment ass eng Rees a menger ënnerlecher Welt an eng kreativ Quell, eng Connectioun tëschent meng Gefiller a mäi Virwëlz.  

 â€‹

Daat hunn ech ëmmer bei mir : 

Meng vill Gedanken, Pläng a Méiglechkeeten. 

​

Dat hunn ech gär:

Sangen, Zäit verbrénge mat menger Famill, Leit kenneléieren déi schéin am Häerz sinn, Natur an natierlech Ernärung, mech an d’ Kannerwelt verdéiwen.

​

Dës Museker/Komponiste géif ech gär emol treffen:

Ech freeë mech op all Renconter an all méiglech Austausch ass fir mech wäertvoll.

​

Ech schaffe gären an der Käerjenger Museksschoul well: 

Ech hunn hei eng fantastesch Communautéit entdeckt, wou Schüler & Enseignantë ganz engagéiert sinn, super Aarbechtskolleegen, eng friddlech Plaz wou ech ganz gär all Dag schaffe kommen a meng Léift fir d’ Musek matdeele kann.

bottom of page