top of page

De Bam

All Toun zielt! - Wéi d'Musek Kanner zesummebréngt

​

Eng Geschicht vum Diane Frisch mat Musek vum Gregory Ney

Track NameAll Toun zielt!
00:00 / 01:04

Aktivitéit: 

​

Lauschter déi schéi Musek a wéi d'Instrumenter all zesumme klengen.Och de Bam ass erëm frou an huet seng Stëmm erëmfonnt.

Sang mat!

​

​

De Bam

 

Ech sinn e Bam am gréngen Zauberbësch

Meng Stëmm war sou hell, meng Stëmm war frësch.

Ech hu gesongen, Dag fir Dag,

Mee ëmmer war ech eleng.

 

Ech sange mäi Lidd: La La La La La

Mee ganz eleng, sinn ech ze schwaach. 

An op eemol – ech weess net wéi –

meng Stëmm war fort,  keen Toun méi.

 

Du koum eng Trombonn, eng Flütt, eng Trommel

Si soten:” Bam, lo sief net domm!”

“Komm sang mat eis, mir spille mat dir mat.”

Ech hunn nees gelaacht, an och geklappt.

 

Ech sange mäi Lidd: La La La La La

Ech sinn net méi eleng, wéi wonnerbar!

A meng Stëmm ass nees do, et ass eng Freed!

Nei Frënn hunn ech lo och fonnt.

​

Gesang: Billie Cotterchio Kill 

bottom of page