
Diane Kayser-Frisch
secrétaire administrative
Let's Get
Social
Iwwert mech
Dat sinn ech:
Ech sinn kreativ a hunn Freed drun ze plangen an ze organiséieren.
Dat ass mäi Beruff:
Sekretärin an der Käerjenger Museksschoul
Mäi Liblingsiessen:
schwaarze Schockela
Meng Hobbyen:
Sängerin vun der symphonic Metal Band „ShadoWhisperS“, Concerten organiséieren, mech mat der ASBL „Shadows‘ Night“ an METALITY fir de gudden Zweck asetzen, bastelen a bitzen
Meng Liblingsfaarf:
schwaarz ass faarweg genuch
Musek, déi ech am Léifste lauschteren:
Rock & Metal
Daat hunn ech ëmmer bei mir :
e Schal a mäi Smartphone
Dat hunn ech gär:
Seefeblosen, gothic Gezäi, a Mënschen, déi e bësse speziell an houfreg op hir “Ecken a Kanten” sinn
Dës Museker/Komponiste géif ech gär emol treffen:
Marilyn Manson, Jonathan Davis (Korn), Nina Hagen
Ech schaffe gären an der Käerjenger Museksschoul well:
well ech gär Musek an Museker ronderëm mech hunn.
Als Sekretärin organiséieren ech mat Freed Concerten an Events, këmmeren mech em d’Aschreiwungen an d’Administratioun vun der Museksschoul an droen esou dozou bäi, dass Kanner an Erwuessener bei eis Musek léiere kënnen. Ech si frou, dass ech meng vill geckeg Iddien an d’Projeten vun der Museksschoul mat abréngen kann.
