Déi liichtend Dier
All Toun zielt! - Wéi d'Musek Kanner zesummebréngt
Eng Geschicht vum Diane Frisch mat Musek vum Gregory Ney
Aktivitéit:
Tornado an der Fläsch
An dësem Experiment weisen mir iech, wéi dir e Tornado an enger Fläsch simuléiert. Dir kënnt de "Wirbelsturm" mat Faarf an Noute-Konfetti sichtbar maachen oder mat verschidden Hëllefsmëttel souguer zum Liichte bréngen.
Fir d’Experiment braucht dir:
-
Zwou grläich grouss Plastiks-Fläschen, am beschten mat engem sou laange Fläschenhals wéi méiglech
-
Eng Buermaschinn mat engem Opsaz vun op d’mannst Gréisst 6
-
Eng "Heißklebepistole" oder e Pech, dee séier drechent an op Plastik hält oder en décken Nol an eng Käerz
-
E breeen a staarke Pechpabeier (z.B. Gewebeband)
-
Eng Zang
-
Waasser
1. Schrauft d’Deckele vun deenen zwou Fläschen erof. Pecht se mat vill Pech (Heißklebepistole - Oppassen: ganz waarm!) un den Uewersäiten zesummen a loosst gutt dréchnen.
2. Buert an der Mëtt e Lach duerch béid Deckelen, mat engem Duerchmiesser vun ongeféier aacht Millimeter. Dofir kënnt dir entweder e décken Nol huelen, deen dir an der Flam vun enger Käerz erhëtzt an dann mat Kraaft duerchdréckt. Oder dir benotzt eng Buermaschinn a buert duerch de Plastik. Loosst iech dobäi op alle Fall vun engem Erwuessene hëllefen!
3. Fëllt eng vun deenen zwou Fläschen ongeféier zu zwee Drëttel mat Waasser (fir eng besser Visibilitéit zum Beispill Liewensmëttelfaarf oder Noute-Konfetti dobäi ginn). Dann stellt dir se of a schrauft den duebelen Deckel drop. Setzt dono déi nach eidel Fläsch ëmgedréint drop a schrauft se och fest un. Mat starkem Pechpabeier kënnt dir déi zwou Fläschen zousätzlech fixéieren.
4. Dréit déi zwou Fläschen ëm, wéi eng Sandauer. Halt elo déi ënnescht Fläsch um Hals fest, während dir déi iewescht Fläsch mat der anerer Hand séier a kreesfërmeg beweegt. Dann stellt dir se of a mat e bësse Geschéck entwéckelt sech e Tornado. Wann bei méi Versich keen Tornado entsteet, musst dir d’Lach am Fläschendeckel nach eemol vergréisseren.
De Tornado zum Liichte bréngen
Dofir braucht dir zousätzlech:
-
Eng Schwäzlichtluucht
-
Tonic Water. Tonic Water ass e chininhaltegt Gedrénks. Chinin huet d’Eegeschaft, datt et bei Schwäzlicht liicht.
Fir e gudden Effekt sollt de Raum sou däischter wéi méiglech sinn. Eng Schwäzlichtluucht huet leider net jidderee doheem, vläicht frot dir einfach bei äre Frënn no.
Wann dir keng Loscht hutt eppes selwer ze bastelen, awer trotzdem mam Fläschentornado experimentéiere wëllt, kënnt dir och e fäerdege Opsaz kafen. Dësen musst dir dann einfach op zwou Fläschen schrauwen a scho geet et lass. : Amazon
Mir wënschen iech vill Spaass!






