top of page

Den Hautbois an de Fagott

All Toun zielt! - Wéi d'Musek Kanner zesummebréngt

​

Eng Geschicht vum Diane Frisch mat Musek vum Gregory Ney

Den Hautbois, vum franséische „Hautbois“ (héicht oder haart Holz), ass en Holzblosinstrument a gehéiert zur Famill vun den Duebelrieder. D’Mondstéck vum Hautbois – och „Rouer“ genannt – gëtt vum Museker selwer aus Schilfrouer a Bambus hiergestallt. Déi meescht Instrumenter ginn aus Ebenholz gebaut.

HautboisAll Toun zielt!
00:00 / 00:29

De Fagott ass e Blosinstrument a gehéiert och zu der Holz-Famill. De Fagott ass viru vill Joeren an Italien entwéckelt ginn an huet do den Numm "fagotto" kritt. 

 

De Fagott ass ganz grouss, ronn 1,30 Meter héich, mee wann een dee laangen, gebéiten Tube ganz auserneen diebelt, wier hie ongeféier 2,50 Meter laang. 

 

De Fagott huet  e Mondstéck mat engem duebele Bliedchen.

 

De Fagott kléngt déif a raschteg, mee och schéin an douce, a gëtt vill an Orchesteren gespillt. 

​

De Fagott - méi Informatiounen

schreiber-fagott-s16nb.jpg
FagottAll Toun zielt!
00:00 / 00:23
f72e4a09-6afc-4cd7-9ebe-861d348a89ab-scaled.jpg
bottom of page