
Iwwert mech
Dat sinn ech:
Musek ass fir mech wéi eng Sprooch – déi méi seet, wéi Wierder et jee kéinten. Als Enseignant fir Piano probéieren ech dës Sprooch ze vermëttelen… mat vill Gedold an engem oppenen Ouer.
​
Dat ass mäi Beruff:
Ech bréngen de Leit bäi, wéi een e puer Säiten aus Metall duerch Tasten aus Holz zum Liewen erwächt. Ob Ufänger oder Fortgeschratt, meng Missioun als Pianosenseignant ass et, dat Bescht aus all menge Schüler erauszebréngen.
​
Mäi Liblingsiessen:
Italieenescht Iessen – besonnesch eng gutt Pizza oder frësch Lasagne
​
Meng Hobbyen:
Musek maachen ass natierlech mäi gréissten Hobby. Et ass awer och schéi mol an der Natur mat mengem Hond nei Weeër ze exploréieren a meng Gedanken ze sortéieren.
​
Meng Liblingsfaarf:
schwaarz
​
Musek, déi ech am Léifste lauschteren:
Bal alles wat eng gewëssenen Déift huet. Sief et d'Komplexitéit vu klassescher Musek oder der Villfalt am Jazz-Genre. Gären och tëschenduerch e bësse méi locker Pop-Musek fir ze entspanen.
​
Daat hunn ech ëmmer bei mir :
Ee Stëft – et weess een ni, wéini eng gutt Iddi kënnt...
​
Dat hunn ech gär:
Onkomplizéiert Saachen: wann d'Leit kreativ sinn an sech vu Musek begeeschteren oder wa meng Schüler selwer mierken, dass si Fortschrëtter maachen.
​
Dës Museker/Komponiste géif ech gär emol treffen:
Frédéric Chopin - Well ech gäre wéilt wëssen, ob hie wierklech esou melancholesch war, wéi et a ville vu senge Wierker kléngt. An ech géif hie froen, wéi hie verschidde Melodien op moderne Pianoen interpretéiert hätt.
​
Ech schaffe gären an der Käerjenger Museksschoul well:
ech hei d'Méiglechkeet hu Schüler vun all Altersgruppe Musek bäizebréngen, Passioun ze entwéckelen a kreativ ze ginn. Déi géigesäiteg Ënnerstëtzung ënnert de Aarbechtskolleegen ass spierbar, an dat motivéiert mech all Dag op en Neits.