D'Perkussioun
All Toun zielt! - Wéi d'Musek Kanner zesummebréngt
​
Eng Geschicht vum Diane Frisch mat Musek vum Gregory Ney
Den Drumset ass eng Kombinatioun vu verschiddene Trommelen a Becken, déi vun enger Persoun gespillt ginn a fir Rhythmus a Groove suergen.

De Vibraphon ass e Perkussiounsinstrument mat Metallplacken an engem motorbedriwwene Vibrato-Effekt, deen e schiewende Klang produzéiert.

D'Pauke si grouss Kesseltrommelen, bei deenen d’Tonhéicht agestallt ka ginn. Si ginn dacks fir staark rhythmësch an dramatesch Effekter benotzt.

Bongoen si kleng, zesummegebonnen Handtrommelen, déi mat de Fanger gespillt ginn a virun allem a latäinamerikanescher Musek benotzt ginn.
Claves sinn zwou hëlze Staangen, déi géintenee geschloe ginn a e kloeren, dréchene Rhythmusklang maachen.



