top of page

Iwwert mech

Dat ass mäi Beruff:

Enseignant fir Piano

​

Mäi Liblingsiessen: 

Ech iessen alles gär, esou laang et mat Produiten aus der jeeweileger Saison preparéiert ass (et ass jo kee Problem, am Wanter op d’Zaloten oder aner Summergeméis ze verzichten).

​

Meng Hobbyen: 

Eleng am Bësch sinn, am léifste mam Vëlo.

​

Meng Liblingsfaarf:

orange

​

Musek, déi ech am Léifste lauschteren: 

Ech mengen, dass et déi klassesch Musek ass, och wann ech Jazz och immens gär lauschteren.

 â€‹

Daat hunn ech ëmmer bei mir : 

"Une envie de dire une bêtise"

​

Dat hunn ech gär:

D’Ofwiesenheet vu Motors-Geräischer, egal wéi eent (leider extrem rar).

​

Dës Museker/Komponiste géif ech gär emol treffen:

Ech hätt gären den Alban Berg, den Henry Desmarest kennegeléiert (iwwer hien ass net vill bekannt, mee d’Déift vu senger Musek léisst mech unhuelen, dass hien eng sensibel an empathesch Persoun war). Herbie Hancock, John Coltrane… an virun allem de Modest Mussorgski.

​

Ech schaffe gären an der Käerjenger Museksschoul well: 

Ech war ëmmer vun Enseignement a vum Deele vu Wëssen ugezunn.

bottom of page